Um Donnëschde gëtt et ëmmer méi kaal
Demnächst wärt en Temperaturréckgang zu Lëtzebuerg stattfannen, deen eis um Donnëschde schon den éichte Virgeschmaach wärt ginn.
An der Nuecht op den Donnëschde passéiert Lëtzebuerg eng Kaalfront, déi eis méi kill Loftmasse brénge wärt. Bemierkbar gëtt daat awer réicht am Laaf vum Donnëschde, wou d’Temperaturen dagsiwwer no a no faale wärten, amplaatz ze klammen. Dëst läit dorunner, dass hannert de kille Loftmasse nach méi kaal Loft eragestréimt kënnt, déi sech dann a Mëtteleuropa breet mecht. Den Oflaaf vum Wiederzoustand um Donnëschde fällt soumadden also zimmlech interessant aus.
Ufanks ass et oft bedeckt, de meechte Nidderschlag kënnt mol nach als Reen eroof. D’Temperature leien tëschen 2 a 6 Grad. Ab dem Nomëtte faalen d’Werter am Norden op 1 Grad eroof, am Süde sinn et nach 3 Grad. Duerch dës Entwécklung kënnt et op den éichte Koppen am Norden zu Schnéireen, no kuerzer Zäit och zu Schnéischaueren. Et kann dementspriechend zu glaate Stroosse kommen, zumools well de naasse Buedem duerch déi niddrëg Temperature fréiere kann. Am spéidere Nomëtte souwéi um Owend selwer gëtt och de Reen am Süden ëmmer méi zu Schnéireen a Schnéi, d’Wahrscheinlechkeet vu glaate Stroosse breet sech aus.
Trotz dëse wanterlëchen Aussiichte vir den Donnëschde wärte keng weider nennenswert Schnéiquantitéiten eroofkommen. Den amerikanësche Wiedermodell GFS rechent mat 1 bis héchstens 3 cm Schnéi, den däitschen ICON just mat engem irrelevanten dënne Flom.
Temperaturentwécklung op 2 Meter Héicht (wxcharts.eu)
De weideren Trend
D’Temperature wärte mat enger grousser Wahrscheinlechkeet ab dem Freide bis den Dënschden, 22. Januar 2019 op e wanterlëche Niveau faalen. Zumools um Weekend an ufanks der neier Woch klammen d’Temperaturen och am Dag kaum nach iwwert de Gefréierpunkt. An de Nuechte geet et op bis zu -4 Grad zréck, an eenzelnen Däller kann et ënner Ëmstänn souguer bis op -8 Grad zréckgoen. Ab dem 23. Januar 2019 sollen d’Temperaturen da scho rem liicht biergop goen. Ze erwähne bleift awer nach, dass mir eis dann trotzdem nach op engem wanterlëche Niveau befannen.
D’Schnéifans hätte soumadden tëschent dem 17. an dem 22. Januar 2019 alles waat se bréichte, vir op hier Käschten ze kommen. Oder net? Leider ass um aktuelle GEFS Ensemble ganz gutt ze gesinn, wéi a genau dësem Zäitraum kaum Nidderschléi vir Lëtzebuerg simuléiert ginn. Dëst léisst drop schléissen, dass mir et wuel mat kaalem, mee drëchenem Wanterwieder ze di kréien. Héichdrock eben.