Abrëll kéint iwwerduerchschnëttlëch waarem ginn

Waat de Moment berechent gëtt, ass scho bemierkenswert. Zumools wann ee bedenkt, dass ët viru gutt 3 Wochen nach daagsiwwer kaal bei Temperaturen vun ëmt dem Gefréierpunkt war. Aktuelle Modellrechnunge no kéint den Abrëll iwwerduechschnëttlëch waarem ginn.

Modellgeflüster

Haut war ët rëm e bësse méi kill, waat sëch an de nächsten Deeg rëm ännere wärt. An de nächsten 10 Deeg gëtt ët daagsiwwer lues a lues e klengt Stéck méi waarem. Eenzel Nidderschléi sinn zwar méiglëg, mee vill kënnt do nët eroof. Rondrëmt den 20. Abrëll gëtt de Moment eng Temperatur vun ëm déi 12 Grad an enger Héicht vu knapp annerhalwem Kilometer berechent, waat um Buedem ëm déi 20 Grad wieren. Eenzel Modellrechnunge ginn op iwwer 20 Grad eraus a simuléieren eng weider Chance, vir déi nächst Summerdeeg hei a Lëtzebuerg ze registréieren. Mat engem zimmlëchen Averständnis rechnen d’Modeller awer, dass ët Enn Abrëll rëm biergof geet. Och Buedemfrascht wier dann vir eng Zäit rëm nët auszeschléissen.

Op dëser Grafik ass d’Temperaturanomalie ze gesinn. Daat ganzt baséiert op der Moyenne aus de leschten 30 Joer. Dëser Simulatioun géifen d’Temperaturen an der Héicht ëmt den 18. Abrëll gutt 8 Grad iwwert der Moyenne leien.
Grafik: pivotalweather.com

Fazit: Den Abrëll gëtt e mëlle/waarme Mount, wou mir méi oft d’Chance op 20 Grad a méi kréien. Demno wéi ass summerlëcht Wieder méiglëg mat Werter vun ëm déi 25 Grad. Ët ass och nët vill Reen a Siicht a wa mol eppes eroofkënnt, ass ët nët vill. Sou schéin ët och ass, kéinte mir Enn Abrëll awer rëm op liicht wanterlëcht Wieder zréckfaalen. Déi gesamt Entwécklung gesidd Dir hei ënnendrënner unhand vum aktuellen GEFS Ensemble:

Grafik: meteociel.fr