
A kuerzen Ofstänn sinn elo zwee markant Stierm op déi brittesch Inselen getraff. D’HERMINIA, den elo aktuellen Orkan, wäert an de nächste Stonnen och e liichten Afloss op Lëtzebuerg huelen.
Advertisement
D’HERMINIA kënnegt sech un
Nom Orkan ÉOWYN, deen als een vun de stäerksten Orkaner an der Geschicht op Groussbritannien getraff ass, huet et net laang gedauert, bis de nächste Stuerm do war: D’HERMINIA. Dëse Stuerm hate mir eis an engem Update e Freide schonn e bësse méi genee ugekuckt, an Tëschenzäit läit e mat sengem Kär just nach knapp westlech vun Irland. Déi éischt Wnadstéiss vun ëm 100 km/h gi schonn gemooss, mee net nëmmen do: Wéi déi lescht Kéier betount, kritt och Frankräich eppes dovu mat. An Deeler vun der Normandie an och der Bretagne gi schonn schwéier Stuermstéiss gemooss.

An de nächste Stonne bis muer de Moie fréi kënnen iwwert dem oppenen Atlantik duerchaus Vitesse vun iwwer 150 km/h optrieden. Un de Küsten, egal ob a Groussbritannien oder a Westfrankräich si Spëtzte vun tëscht 110 an 130 km/h um Wierk. De Stuerm huet, wat d’Wandfeld ugeet, also e méi groussen Impakt – wat seng Intensitéit ugeet awer net. Den ÉOWYN war däitlech méi staark.
Den Afloss op Lëtzebuerg
An de nächste Stonne gëtt et och heiheem méi lëfteg. Eenzel Wandstéiss kéinten et mat bis ëm 80 km/h an de nidderege Warnberäich packen (Schwell: >75 km/h), mee e grousse Stuerm steet eis awer jiddefalls net un. Schonn den Owend gëtt et lues a lues méi lëfteg, méi spierbar gëtt dat awer vun der zweeter Nuetshallschent un de Fall. Am Nomëtte wäert sech de Wand lues awer sécher leeën – bis dohin wiesselt en e puer mol seng Intensitéit a kann, och obwuel d’Wandfeld nach iwwert eis läit, gréisser Schwankunge weisen. De generelle Maximum ass, esou dem momentane Stand no, spillt sech tëscht dem fréie Moien an dem spéidere Virmëtten of.

Fazit: Et erreecht eis e Wandfeld, wat duerchaus och mol eenzel Stuermstéiss kann ervirbréngen. D’Vitesse beweege sech gréisstendeels tëscht 50 a 75 km/h, punktuell kann eng 80 oder 85 km/h net gänzlech ausgeschloss ginn – déi héchst Wandvitesse si virun allem dann méiglech, wann och mol méi kräfteg Schauersegmenter duerchzéien. D’Entscheedung, ob am SkyWatch e Wiederhiweis oder eng Warnung viru Stuermstéiss vum éischte Niveau ausgeruff gëtt, gëtt eng kniffleg. Et steet zwar souwisou net vill um Spill, an awer waarde mir nach e puer Modell-Leef of.