Bléck op de Weekend: Agreabel waarem a vill Sonn

D’Temperature wärten a nächster Zäit rem meechtens am summerlëche Beräich sinn. Dëse Freiden ass e besse Reen méigleg, mee daat war et awer och schon. Nidderschléi si weiderhin e raren Artikel. Wéi d’Wieder dëse Weekend gëtt gidd Dir an de nächsten Zeile gewuer.

ICON Nidderschlag & Wollécken (wxcharts.eu)

Schéinheetsfehler um Freiden

Nodeems um Donnëschden Temperature vun ëm déi 30 Grad ereecht ginn/goufen, ass um Freiden e klengen Temperaturréckgang ze erwaarden. Dëst läit un enger Kaalfront, déi vum fréie Moien un iwwert eis ewechzéie wärt. An hierem Beräich kann et zu Schauere mee awer och zu vereenzelten Donnerwiedere kommen. Domadde verbonn kéint de Wand plaatzeweis och e besse méi frësch ginn. Am Laaf vum Dag kann et ëmmer nach begrenzt uechtert Land naass ginn, mee d’Wolléckendecke gëtt a Richtung spéide Nomëtten/Owend ëmmer méi dënn. D’Sonn ka sëch also spéiderhi nach weise kommen. Et ass mat Maximaltemperature vun 20 bis 25 Grad ze rechnen. Um Owend an och an der Nuecht ginn d’Wollécken ëmmer manner, dobäi killt et och dementspriechend of. Am Norde ginn d’Werter op 10 bis 6 Grad zréck, am Süden op 14 bis 10 Grad.

Samsden, 18. August 2018

Um Samsde si nëmme wéinëg Wollécken ënnerwee, daat vu moies fréi bis owes spéit. D’Temperature packen et op Maximalwerter vun 22 bis 26 Grad, de Wand ass dobäi nëmme liicht spierbar aus Nord-Nordwesten ënnerwee. Et ginn héchstens 35 km/h an de Spëtzten ereecht a Reen ass souwisou keen ze erwaarden.

Sonndën, 19. August 2018

Och um Sonndë schéngt sou gutt wéi de ganzen Dag d’Sonn, daat bei e puer wéinegen an harmlose Wollécken. Och wann um Mëtte minimal méi Wollécken ënnerwee wärte sinn, bleift et de ganzen Dag laang drëchen. D’Temperature packen et op 24 bis 28 Grad, de Wand ass spierbar aus Westen ënnerwee. Et gi Spëtzte vu 30 km/h ereecht.