Aktuell: Déi neist Entwécklunge ronderëmt d’Schnéidéif

Wéi Dir et schonn matkritt hutt, ass de Moment e Schnéidéif um Wierk – dat, nodeems mir um Méinden nach 22 Grad zu Lëtzebuerg haten.

Schnéidéif kënnt vun der Nordséi hier

Vun der Nordséi hier huet sech an de leschten zwee Deeg e Schnéidéif an eis Richtunge gemaach, wat de Moment net wäit nërdlech vun eis mat sengem Kär läit. Dëst Déif bréngt fiicht, mee och naass Loftmasse bei eis – d’Zutaten also, fir dass et bei eis zu Schnéischauere komme kann an och schonn kënnt. Dat nächst wat entscheedend ass, ass déi genee Positioun vum Déifdrockgebitt. Zitt de Kär nämlech méi oder manner genee iwwert eis ewech, dann dréint de meeschte Schnéi ronderëmt eis, an dono gesäit et de Moment och éischter aus.


Esou kënnt d’Schnéidéif bei eis erofgezunn | Animatioun: wxcharts.com

Koppe mat de beschte Schnéi-Chancen

Déi éischt Nidderschléi vun dësem Déif hunn eis mëttlerweil erreecht a suerge besonnesch schonn am Norden a Nordweste vum Land, op de Koppe, fir déi éischt Schnéischaueren. Op iwwer 470 Meter fänkt och schonn un e bëssen eppes leien ze bleiwen, mee déi bescht Chancen dofir ginn et weiderhin op 500 Meter an driwwer. Mat Temperaturen, déi am Laf vum Owend a vun der Nuecht weider zréckginn, wäert et och am Süde vum Land kënnen zu Flacke kommen – dëst awer net all ze laang. Ob et do fir eng Schnéicouche duergeet, speziell a Richtung Musel, däerf een a Fro stellen.

Muer um Freide beweege sech d’Temperaturen am Norden tëscht -2 an 3 Grad, op de Koppe schneit et also weider. Am Rescht vum Land si mir bei 1 an 3 Grad ënnerwee, do ass et also méi de Schnéireen an a Richtung Südosten de Reen deen um Wierk ass.

D’Schnéihéichte vun de Modeller berechent

De “Peak” vun de Schnéihéichten soll dem amerikanesche GFS no an der Nuecht op de Samsden erreecht ginn – dat mat bis ëm 2 cm op de Koppen a soss mat näischt bis hin zu engem dënne Flom. Den europäeschen ECMWF gesäit de Maximum um Samsdenowend mat verbreet 1 bis 3 cm am Land verdeelt. Den däitschen ICON gesäit guer näischt an de franséischen ARPEGE ass mat tëscht näischt an 4 cm op de Koppen ënnerwee. Am Guttland ass also net all ze vill ze erwaarden, wann iwwerhaapt eppes. Op de Koppe kann et deemno wéi fir eng Couche vun tëscht 1 an 3 cm duergoe, mee dat och nëmme kuerz. Vum Sonnden un, nach méi awer vum Méinden, gëtt et erëm ze waarm fir dës Zenarien.


D’Schnéihéichte vum franséischen ARPEGE berechent | Grafik: wxcharts.com