Aktuell Modeller: Summerlëch Aussiichte vir de Weekend

No der méi killer Phase déi mir elo haate berechne Modeller elo rem en däitlëchen Trend no uewen. Summerlëch Temperature geroode rem an de Beräich vum Méiglëgen.

D’Besserung mecht sëch nët réicht de Weekend bemierkbar, mee schon um Wee dohinner. Sou gëtt ët vun elo un Daag vir Daag e bësse méi sonnëg an och eis Temperature maache sech lues awer sëcher op de Wee no uewen. De Freide sollte mir dann bei maximalen 21 Grad ukommen.

Aktuelle Modellrechnunge no kéint de Weekend da rëm de Summer zréckkommen. Um Samsde si bis zu 25 Grad méiglëg, de Sonndën souguer 29 Grad. Wéinëg Wollécken zéien iwwert den Himmel, soudass ët engersäits drëchen an anerersäits schéi sonnëg wärt sinn. Den Temperaturtrend ass och schéin um GEFS-Ensemble ze erkennen.

Grafik: meteociel.fr

Während der méi waarmer Period wärten d’Temperaturen an annerhalwem Kilometer Héicht 8 bis 10 Grad iwwert deem leien, waat eigentlëch vir dës Zäit normal wier. Vir eis um Buedem bedeiten daat Temperature vun däitlëch iwwer 25 Grad.

Grafik: pivotalweather.com