Ausgoend vun engem Déif gëtt vu Polen & Tschechien aus e Schnéifallgebitt iwwer Däitschland an de Weste gedroen. D’Fro ass, wéi wäit.
Gréissert Schnéifallgebitt iwwer Däitschland
Iwwert der ëstlecher Hallschent vun Däitschland läit de Moment e gréissert Schnéifallgebitt, virun allem iwwert dem Nordosten ass et e bësse méi kräfteg. De meeschte Modeller no soll et schonn erdiichtert sinn, ier et iwwerhaapt zu Lëtzebuerg ukënnt. E puer eenzel Berechnunge gesinn et awer trotzdem op mannst bis an den Oste vun eisem Land kommen.
Den amerikanesche Wiedermodell GFS gesäit et an der spéiderer zweeter Nuetshallschent un der Grenz ukommen, wat fläit am äussersten Osten zu ganz geréngem Schnéifall féiere kéint. Den europäesche Modell ass e bësse méi optimistesch a gesäit mat gréisserer Warscheinlechkeet liichte Schnéifall iwwert dem Osten & och dem Süden. Den däitschen ICON gesäit et och mat liichtem Schnéifall iwwert dem äussersten Oste vum Land ukommen, dat géint 5 Auer muer de Moie fréi.
Fazit
Egal wéi et kënnt, den Osten huet ausnamsweis mol déi bescht Viraussetzungen. Setzt de Nidderschlag an, da wier awer op alle Fall net vill ze erwaarden. Sollt sech eppes un der Situatioun ännere, gëtt et en Update.