Alsace: Tornado bei Landersheim virun e puer Minutten

An der leschter Stonn ass bei Landersheim an der Alsace a Frankräich en Tornado observéiert ginn.

Eng 120 Kilometer vun heiheem fort

Kuerz no 16 Auer am Nomëtten huet sech bei Landersheim an der Alsace (Frankräich) un engem Donnerwieder en Tornado forméiert. Wéi een op den éischte Biller gesäit, ass de Buedemkontakt offensichtlech, de Fall ass soumat also definitiv confirméiert. Landersheim läit net wäit nordwestlech vu Stroossbuerg.

Video vum Tornado

Iwwer méigleche Schued ass bis ewell nach näischt bekannt.