NASA: Countdown fir Artemis I Rakéitestart ofgebrach

Et si bal 50 Joer vergaangen zanterdeems déi lescht Rakéit op oder bei de Mound geflunn ass. Mat der "Artemis 1" geet de Mëtten eng nei Ära a Saache Moundmissiounen un.

Update 29.08.2022 14:37: D’NASA huet de Launch fir haut ofgesot.

De Countdown leeft

Zanter dem Samsde leeft de Countdown fir de “Space Launch System (SLS) – d’Rakéit, mat där d’NASA haut am fréie Nomëtten déi éischt Kéier zanter bal 50 Joer de Mound usteiere wäert. D’Rakéit, déi als déi stäerkst vun der Welt beschriwwe gëtt, soll de Mëtte géint 14:33 Auer eiser Zäit hiren éischte Start-Versuch absolvéieren – dëst ass den éischte méiglechen Zäitpunkt am Zäitraum vun zwou Stonnen. Se flitt vum Cape Canaveral, Florida aus.

Der NASA no ging ee sech fir de geplangte Start keng Problemer erwaarden, och wat d’Wieder ugeet géinge gutt Chance bestoen.

Livestreams

Artemis-1: Éischt Missioun vun enger ganzer Rei

Et ass souzesoen den Ufank vun enger neier Ära. D’Artemis-1-Missioun ass déi éischt vun enger ganzer Rei, déi d’Mënschen erëm op de Mound brénge soll. Dat net nëmme fir eng kuerz Dauer, mee och mol fir eng méi laang Zäit.

D’Missioun haut de Mëtte gëtt net mat Mënschen duerchgefouert, et ass den éischte groussen Test. D’Raumkapsel “Orion” soll e puer Woche laang ronderëmt de Mound kreesen an erëm zréck op d’Äerd kommen. Ass dat gepackt, da steet am Joer 2024 de nächste Start um Programm. D’Artemis II soll dann mat Astronauten duerchgefouert ginn.

Fir allerfréistens 2026 ass geplangt, fir déi éischte Kéier zanter der Apollo 17-Missioun erëm Astronauten op de Mound ze bréngen.

Nei Raumstatioun geplangt

D’NASA, ESA, JAXA an d’CSA plangen eng Raumstatioun, déi de Mound ëmkreese soll – esou wéi d’ISS eis Äerd. Se soll als Tëschestopp fir d’Astonauten déngen, déi dann reegelméisseg vun do aus op de Mound eroffléie kënnen – dohier och de Numm “Lunar Orbital Platform Gateway”. Den éischte Modul fir dës Raumstatioun soll 2024 oder 2025 an d’Ëmlafbunn vum Mound bruecht ginn.


Déi geplangt Raumstatioun | Grafik: ESA