Am Nomëtten: Tornado-Verdacht am Saarland & Nordfrankräich

Am Nomëtten ass en Donnerwieder knapp südlech u Lëtzebuerg laanschtgezunn an hat sech zu enger Superzell entwéckelt. Radarbiller & Biller aus dem Saarland weisen op en Tornado hin, eng 25 Diecher sinn deelweis ofgedeckt ginn. E weidere Verdacht kënnt aus Nordfrankräich.

Titelbild: Lukas Becker

Tornado-Verdacht net wäit vun eis ewech

Zu Urexweiler am Saarland, ongeféier 50 Kilometer Loftlinn vun eiser Grenz ewech, huet eng Superzell an e méiglechen dozougehéierenden Tornado markante Schued ugeriicht. Der Police no hunn Aenzeien vun engem Tornado geschwat, deen tëscht Dirmingen an Urexweiler ënnerwee war. Op de Radarbiller war fir genee dësen Zäitpunkt och e superzellulärt Donnerwieder mat däitlecher Rotatioun ze erkennen, wat en Tornado definitiv net ausschléisst. De Pompjeeë no sinn am Landkrees St. Wendel eng 25 Diecher deelweis ofgedeckt ginn. Iwwer Blesséierter ass näischt bekannt.

Eng Partie Stroossen hunn duerch dat schwéiert Donnerwieder misse gespaart ginn, haaptsächlech wéinst Beem déi ëmgefall sinn. Op der A8 a Richtung Lëtzebuerg ass et Medieberichter no esouguer zu glate Stroosse komm, dat duerch Knëppelsteng.

Update: Tornado wuel confirméiert

Verdacht och a Frankräich

Ier sech d’Zell op däitschen Territoire beweegt huet, war se iwwer Frankräich aktiv. Zu Suippes, Marne ass änleche Schued u Gebaier opgetrueden.