An der neier Woch gëtt ët rëm méi onbestännëg

No enger laanger Zäit ka sëch bei eis rëm méi schéint Wieder duerchsetzen. Mat vill Sonn, wéinëge Wollécken a vir d’Joereszäit waarem Temperaturen weist sëch dëse Weekend vu sénger schéinster Säit, sou wéi ët och scho virun 11 Deeg op de Wiederkaarten ofzeschätze war. An der neier Woch kann ët awer scho rëm méi onbestännëg ginn, waat huet daat vir eng Auswierkungen op d’Temperaturen?

Rëm bësse méi kill

No dësem Weekend bleift ët ufanks mol nach mat Temperaturen vun ëm déi 20 Grad mëll. Duerno geet ët dann lues a lues rëm biergof, mee keng Angscht: Ët gëtt nët wierklech kaal. Aktuelle Berechnunge no wärte sëch d’Temperaturen zwëschent dem 11. an dem 16. Abrëll zwësche 12 a 16 Grad am Daag apendlen. Während dëser Period ka lokal nët ausgeschloss ginn, dass ët an de Nuechten rëm unzitt.

Waat duerno kënnt ass de Moment schwéier ze soen. D’Modeller weise rem eng grouss Meenungsverschiddenheet. Mir wärte rëm zwou méiglëg Varianten zur Auswiel hunn: Entweder ët gëtt a Richtung Enn Abrëll lues a lues ë bësse méi kill oder d’Temperature kréie sëch nachengkéier gefong a klamme rëm iwwer 20 Grad. Zu dësem Thema gidd Dir hei op Météo Boulaide stännëg um Laafende gehaalen.

Ab dem 11. Abrëll ass mat enger gréisserer Onsëcherheet ze rechnen. Dëst ass un de Linnen (Memberen) ze erkennen, déi mat hiere Meenunge wäit ausernee ginn. Grafik: meteociel.fr