An Tëschenzäit: Aacht Tornadoen zéien iwwer Deeler vu Polen

An den äusserste Bänner vum Déif, wat och fir déi katastrophal Iwwerschwemmunge verantwortlech ass, hate sech iwwer Polen duerch favorabel Wiederkonditiounen direkt aacht Tornadoe forméiert.

Advertisement

Konditiounen an der ënneschter Atmosphär favorabel fir Tornadoen

Zwar stungen a stinn ëmmer nach déi historesch Iwwerschwemmungen iwwer Deeler vu Polen, Tschechien an Eisträich am Fokus, an awer gouf et an dësen Deeg och nach aner Naturgewalten – an dat zur selwechter Zäit. Um nërdleche Rand vum Déifdrockgebitt konnt sech nämlech eng staark Wandscherung an den ënneschte Loftschichten ausbilden – heescht also, dass et zu groussen Ännerungen vu Wandrichtung- a Vitesse mat der Héicht koum.


D’Géigenden, wou d’Tornadoen opgetruede sinn. Screenshot: European Severe Weather Database (ESWD)

Bei net all ze héije CAPE-Wäerter vun ëm déi 500 j/kg sinn dës Wäerter schonn dofir duergaangen, dass sech alleng e Samschden sechs Tornadoe konnte forméieren. Betraff waren Wierzchowiny, Nowa Wieś, Brudzewice, Chrosna, Grobice a Krobów. Den Dag drop, de 15. September, sinn zwee weider Tornadoen opgetrueden, dat zu Biadki an zu Karmin. Et kann een also schonn bal vun engem klengen “Tornado-Outbreak” schwätzen, deen sech parallel zu den extreemen Iwwerschwemmungsonwieder ereegent huet.

D’Tornadoen hate meeschtens eng Stäerkt vun IF1 bis IF1.5, wat Wandvitessen vun tëscht 150 an 180 km/h entsprécht. De stäerksten Tornado war awer een vun Wierzchowiny, dësen huet den Auswäertunge no eng Intensitéit vun IF2 erreecht, wat Wandvitessen vun 220 km/h entsprécht. An de meeschte Fäll koum et zu entwuerzelte Beem, ofgedeckten Diecher, beschiedegten Autoen esouwéi och Stroumleitungen. Just eenzel Haiser hunn duerch Géigestänn, déi widdert d’Fassaden geflu sinn nach méi en androcksvolle Schued missen astiechen. Iwwer Blesséierter ass näischt bekannt.