Weierhi musse mir en Aen op d’Mëttelmier geheien, wou elo virun allem de Süden an den Oste vu Spuenien vu markanten Onwieder betraff ass.
Advertisement
Je no Modell erëm méi wéi 200 l/m² Reen
Momentan si schonn déi éischt Donnerwieder iwwer Andalusien, Murica a Valencia ënnerwee, mee och an de nächsten Deeg ass mat weidere Nidderschléi ze rechnen. Insgesamt ass eng Sträif bis erop an de Südosten vu Katalounien era betraff, wou immens grouss Reenzomme kënnen zesummekommen. Wat op d’mannst mol den Dag vun haut ugeet besteet tëscht Murcia an Valencia och e gewësse Risk fir en Tornado, well Konditiounen wéi Wandscherung, buedemno Loftfiichtegkeet an Helizitéit gutt iwwerteneelafen.
Wa mir vun engem Zäitraum vun elo bis an de fréie Sonndemoien eran ausginn, da rechnen d’Modeller fir de Raum Sevilla a Marbella tëscht 60 an 150 l/m² Reen. Am meeschte sécher si sech d’Modeller fir de Raum Alcoi bis erop op Vinaròs, wou tëscht 100 an 250 l/m² sollen erofkommen – eenzel héichopléisend Modeller gesinn däitlech méi héich Zommen. Dës Reefäll ginn duerch en Déifdrockgebitt provozéiert, wat mam Kär iwwert dem Süde vu Portugal läit. Duerch seng Dréibeweegung dréckt et kal Loftmassen aus sengem Kär iwwert d’Mier, wou de Reen dann iergendwann op dat spuenescht Festland trëfft. De Reen “staut” sech, esoudass et zu markante Reequantitéite kënnt. D’Temperatur vum Waasser spillt ëmmer nach eng Roll, an dësem Gebitt läit se nämlech tëscht 18 an 22 Grad.