Ass et elo esouwäit? Wiedermodeller gesi Chancen op fréisummerlech Temperaturen

Lues a lues weist sech d’Wieder vu senger fréijoersméisseger Säit. E puer Modellrechnunge no kéint et an der zweeter Wochenhallschent fir fréisummerlech Wäerter duergoen.

Advertisement

Loftmassen aus dem déiwe Südweste vun Europa

D’Modeller si sech driwwer eenz, dass eis am Laf vun der neier Woch däitlech méi waarm Loftmasse sollen erreechen – dozou zielen den amerikaneschen, europäeschen an och däitsche Modell. Zur Auswierkung hätten dës Loftmassen, dass et sech bei eis géif op e fréijoersméissege bis hin zu eventuell fréisummerleche Niveau erwiermen.


Déi viraussiichtlech Entwécklung vun de Loftmasse bis den Donneschden an driwwer eraus | Animatioun: wxcharts.com

“Schold” drun huet en Déifdrockgebitt iwwert dem Atlantik, iwwerdeems mir et iwwert dem Osten a Südoste vum Kontinent mat héijem Loftdrock ze dinn hunn. Duerch d’Stréimungsmuster, wat entsteet, ginn eben déi méi waarm Loftmassen aus dem Süden op Lëtzebuerg erop transportéiert. Huet d’Waarden elo also endlech en Enn?

De Verlaf

Kucke mir eis fir d’éischt mol déi viraussiichtlech Dageshéchsttemperaturen un. Fir e Méinde sti Wäerter vun tëscht 14 bis 18 Grad an d’Haus, en Dënschde wiere mir mat 12 bis 16 Grad dobäi an e Mëttwoch mat 11 bis 15 Grad. Eréischt duerno kéimen dann déi méi waarm Loftmassen an d’Spill, déi en Donneschde Maximaltemperature vun tëscht 17 an 22 Grad brénge géifen. Eventuell ka laanscht d’Musel un den 23 Grad gekrazt ginn.

Fir e Freide sinn d’Modeller op tëscht 14 an 18 Grad gestëmmt, e Samsde soll et mat 13 bis 17 Grad net vill aneschters ginn. Ugaben iwwert de Wiederzoustand ginn et am Wochenausbléck.

Bleift dat dann och esou?

Dem europäesche Modell no soll et bis an déi nächst Woch eran net vill méi kill ginn – en richtegen Abroch vu kille Loftmassen ass net wierklech ze gesinn. Och den amerikanesche Wiedermodell entschäerft seng Iddien fir Comebacks vu kille Loftmassen ëmmer méi, soudass mir wuel esou lues awer sécher um “richtege” Wee schéngen ze sinn. Et handelt sech dobäi aktuell awer méi ëmt eng “Momentopnam”… mol ofwaarden also, wat eis d’Kaarten an e puer Deeg opdëschen.