Atlantik: Subtropesche Wirbelstuerm zitt op Portugal duer

Esou vill atlantesch Wirbelstierm wéi dëst Joer gouf et nach ni. De 29ste Stuerm ass a Richtung Portugal ënnerwee.

Den THETA ass de 29ste Wirbelstuerm vun der Saison

De subtropesche Wirbelstuerm THETA, dee vun de meteorologesche Parameter hier ëmmer nach den Equivalent vun engem Tropestuerm ass, huet sech haut de Moien um oppenen Atlantik forméiert. An der Moyenne huet de Wand mat 80 km/h geblosen, an de Spëtzte goufen 105 km/h areecht. An Tëschenzäit huet sech de Stuerm verstäerkt; an der Moyenne ass de Wand mat 113 km/h ënnerwee, an de Spëtzte packt en et op 137 km/h.


De viraussiichtleche Parcours vum THETA bis de Sonnden | Grafik: nhc.noaa.gov

An de nächste Stonnen an Deeg ass domat ze rechnen, dass sech den THETA weider intensivéiert. De Modellrechnunge no soll de Stuerm um Donneschde maximal Wandvitesse vu knapp 150 km/h generéieren. Wat de geneeën Zuchwee ugeet, si sech d’Modeller nach net ganz sécher. Et soll awer lues a lues a Richtung Portugal goen, ier de Stuerm kuerz virun der Küst tendenziell awer a nërdlech Richtungen ofdrifte soll. Méi an de Fokus geréit awer di portugisesch Insel Madeira, déi dem aktuelle Laf vum däitsche Wiedermodell ICON an och dem ECMWF no ëmt de Samsde soll vum Wandfeld vum Wirbelstuerm erfaasst ginn. D’Aen vum Stuerm soll nëmme knapp nërdlech un der Insel laanschtschrammen.


Berechnung vum däitsche Modell ICON iwwert de Lafwee vum THETA | Animatioun: wxcharts.com

Den amerikanesche GFS rechent domat, dass de Stuerm e bësse manner séier ënnerwee ass a bis de Samsden ëmmer nach eng gréisser Distanz zu der Insel hale wäert. De Stuerm soll dann um Sonnden/Méinden tëscht Madeira an den Azoren duerchzéien an am Laf vun der nächster Woch eventuell als normalt Randdéif di spuenesch an och déi franséisch Westküst beaflossen.