August-Temperaturen haalen sech a Grenzen

Den August zielt zu deenen wärmsten Méint, an denen verbreet héichsummerlech Temperaturen gemooss kënne ginn. Waat aktuell Modeller awer erausginn, gesäit nët grad dono aus.

Temperaturen vun ënner 30 Grad

…a nach drënner! Bis den 4. August sinn mol nach plaatzeweis Temperaturen vu bis zu 30 Grad denkbar, dëst virun allem laanscht d’Musel. Duerno pendlen sëch d’Temperaturen aktuelle Modeller no zwëschen 18 an 25 Grad an. Dës Wiederlaag soll mol bis Mëtt August unhaalen. Kënnt ët wierklech esou, dann ass nët méi mat héichsummerlechen Temperaturen ze rechnen.


De Verlaaf vun Temperatur a Nidderschléi bis den 17 August. Stand: 01.08.2017 21:47

Grafik: meteociel.fr

Wéinëg Nidderschléi

Déi éicht Halschend vum August schéngt sëch mat dobäi och nach zimmlech drëchen ze gestalten. Zwar muss zäitweis mat Schaueren gerechent ginn, allerdéngs kënnt nët vill eroof, wann dann.

Zweet Augusthalschend eventuell méi waarem

Wann een den aktuellen Ensemblerechnungen sou gleeft, besteht an der zweeter Halschend vum August rëm eng Chance vu méi waarmem Wieder. Dann wieren och rëm Temperaturen vun ëm déi 30 Grad nët auszeschléissen. Keng Angscht, de Summer ass nach nët eriwwer!