Ausbléck: A Saache Reen gi mir demnächst eidel aus

D’Reen-Aussiicht vun haut ass séier gemaach.

Wat soll ech soen… ech mengen haut si mir séier fäerdeg.

All déi Modeller, déi ech ëmmer fir d’Reen-Aussiicht fir déi nächst dräi Deeg huelen, berechne genee guer näischt bis an de spéide Sonndenowend eran.

Mir stinn de Weekend ënner Héichdrockafloss an dat wäert och an der nächster Woch esou bleiwen. Réischt géint Mëtt der Woch un kéint et den aktuelle Modellrechnunge kuerzzäiteg ëmschloen, mee ob d’Berechnungen an e puer Deeg ëmmer nach esou ausgesinn, däerf een un dëser Plaz gär bezweifelen.

Sollt sech den héije Loftdrock weider duerchgesat kréien, dann ass mat engem ze dréchene Novemberschluss an och Dezemberufank ze rechnen. Déi weider Aussiichte fannt Dir hei.