Ausbléck: An de nächsten Deeg gëtt et ëmmer méi dréchen

A Richtung Sonnde gëtt et méi sonneg zu Lëtzebuerg. Mat dobäi geet d’Nidderschlagswarscheinlechkeet bis dohin och no a no zréck.

Nach zäitweis bësse naass, keng gréisser Quantitéiten

De Weekend iwwer kann et nach zäitweis naass ginn, mee gréisser Quantitéite sinn éischter net ze erwaarden.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat tëscht 0 a 5 l/m², dat meescht soll am äusserste Norde vum Land erofkommen. Haaptsächlech an der Südhallschent soll kaum eppes falen. Den europäeschen ECMWF rechent mat tëscht 1 a 5 l/m² a gesäit de meeschte Nidderschlag fir den äusserste Norden mee och fir Deeler laanscht d’Musel.


D’Nidderschlagsquantitéiten dem europäeschen ECMWF no | Grafik: wxcharts.com

De franséischen ARPEGE ass mat tëscht 1 a 4 l/m² dobäi, am Norde soll et tendenziell erëm e bësse méi reenen wéi soss iergendwou. Déi zweet Plaz ass den äusserste Südoste vum Land. Den däitschen ICON ass erëm méi konservativ ënnerwee an huet tëscht 0 an 2 l/m² an der Simulatioun.

Duerchschnëttlech gesinn hu mir vun elo bis de Sonnden inclus Nidderschlagsquantitéite vun tëscht 0,5 an 3,75 l/m² ze rechnen.