Ausbléck: An der neier Woch geet et variabel virun

Den Ufank vun der neier Wiederwoch gëtt vun engem Déif bestëmmt, dat aus Frankräich eropgezu kënnt. Och fir déi Deeg drop sti nei Déifer prett, déi weiderhi fir e variabelt Muster bei eis suergen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Wa mir vun der Period vun elo bis e Mëttwoch inclus ausginn, dann hu mir iwwert dem wäiten Oste vum Kontinent/iwwer Russland e grousst Héich leien.


D’Grousswiederlag e Méindemëtten | Grafik: wxcharts.com

Zur selwechter Zäit läit och iwwert den Azoren en Héich, wat a Kombinatioun mateneen dozou féiert, dass ëmmer erëm Déifdrockgebitter hire Wee vum Atlantik aus op eise Kontinent fannen. Laang dréche Perioden si fir eis Géigenden deemnächst also éischter onwarscheinlech.

De Verlaf

Agangs vun dëser Nuecht, also där op de Méinden, kommen aus Frankräich hier e puer Nidderschléi an eis Richtunge gezunn. Dës hänken direkt mam Déif zesummen, wat eis haut de ganzen Dag iwwer beaflosst huet an duerch säi Frontesystem och d’Donnerwieder an Däitschland ervirbruecht huet. Ob dës Nidderschléi wierklech an eist Land eragezu kommen oder sech kuerz virun eise Grenzen opléisen oder eriwwer an d’Belsch zéien, muss ofgewaart ginn.

Muer um Méinde selwer zitt d’Déifdrockgebitt mat sengem Kär iwwert de Südoste vu BeNeLux ewech a verlagert sech bis an den Owend eran an de Nordweste vun Däitschland. Wärend dësem Passage ass bei eis heiheem ëmmer erëm mat Schaueren a ville Wolleken ze rechnen, d’Sonn weist sech awer trotzdeem heiansdo dotëscht. Dat engt oder anert kuerzt Dimmer ass dobäi net onméiglech, mee se sti net am Fokus – dat wäert erëm méi iwwer Deeler vun Däitschland de Fall sinn.


De viraussiichtleche Verlaf fir en Dënschden an e Mëttwoch | Animatioun: wxcharts.com

En Dënschde sti mir weiderhin ënner Déifdrockafloss: Mir hunn et mat enger “Tiefdruckrinne” ze dinn, déi sech vum zentrale Frankräich bis erop an de Nordoste vun Däitschland zitt. Duerch si entstinn op dëser Sträif ëmmer erëm vereenzelt Schauerzellen. E Mëttwoch kënnt e weidert Déif an d’Spill, wat vun Irland aus a Richtung Zentralfrankräich zitt. U senger nërdlecher Säit kënne, Stand aktuell, och iwwer Lëtzebuerg mol vereenzelt méi kräfteg Schauerzellen entstoen – inkl. fläit och mol engem Donnerwieder.