Et gëtt Zäit, a Saache Reen erëm méi wäit no vir ze kucken. Wéi naass kann et bis de Freide mat gesi bei eis ginn?
De meeschte Reen eréischt vum Donneschdenowend un
Bis den Donneschdenowend rechnen d’Modeller mat net esou grousse Quantitéiten. Vum spéideren Donneschdenowend un bis an de spéidere Freiden era schéngt sech dëst awer ze änneren.
Den amerikanesche Wiedermodell GFS gesinn rechent vun elo bis un de Schluss vun der genannter Period mat Quantitéite vun tëscht 12 a 17 l/m². De Gros hätte mir am Nordweste vum Land ze erwaarden. Den europäeschen ECMWF gesäit dat änlech, tëscht 10 a 17 l/m² sollen optrieden. Dat meescht soll och dësem Modell no éischter am Norden erofkommen.
De franséischen ARPEGE ass mat 12 bis 18 l/m² dobäi a kënnt domat dem amerikanesche GFS méi no wéi dem europäeschen ECMWF. Och den däitschen ICON gesäit bis de fréien Donneschdenowend nach keng Gréisser Zommen, ier et duerno awer viru goe soll. Bis an de spéidere Freidenowend eran ass mat 9 bis 18 l/m² ze rechnen.
Duerch d’Temperaturentwécklunge kann e gewëssen Deel dovun och als eenzel Flacken op den héchste Koppe vum Land erofkommen. De Verlaf fannt Dir ënnert dësem Link.