Ausbléck: Bis de Freiden inclus reent et net all ze vill

Déi momentan Woch gëtt definitiv net esou naass wéi déi lescht. Hei sinn d’Reequantitéiten, déi e puer ausgesichte Modellrechnunge no bis de Freidenowend spéit bei eis erofkomme sollen.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat 1 bis 3 l/m² bis un de Schluss vun der genannter Zäitspaan. Dat meescht dovu soll an der Nordhallschent falen, den Ënnerscheed zu anere Plazen ass awer net all ze grouss. Den europäeschen ECMWF ass mat 1 bis 2 l/m² dobäi, laanscht de Weste soll et erëm am naasste ginn.

De franséische Modell ARPEGE weist sech net vill anescht wéi den ECMWF. Tëscht 0,8 an 2 l/m² solle falen, am “naasste” gëtt d’Ëmgéigend ronderëm Veianen gerechent. Den däitschen ICON rechent mat tescht näischt a 5 l/m². Am äusserste Süden, direkt un der Grenz zu Frankräich, soll de meeschte Reen falen.

Als Fazit kann een huelen, dass et bis de Freidenowend am warscheinlechsten tëscht 1 an 3 l/m² reene wäert.