Ausbléck: Bis de Mëttwoch inclus nach méi oft méi laang unhalende Reen

De Weekend iwwer huet et zäitweis iwwer eng méi laang Zäit gereent, wat och gréisser Reequantitéite mat séch bruecht huet. Bis de Mëttwoch geet et ganz änlech virun.

Gréisser Quantitéiten agetraff an et geet änlech virun

Geschwat haat ech an engem Artikel kuerz virum Weekend vun Zomme vun tëscht 10 an 20 l/m², déi mol ganz warscheinlech sollen ereecht ginn. Alleng gëschter um Sonnde sinn un de naasste Statioune knapp iwwer 20 l/m² gefall. Um Samsde si mir gréisstendeels ënnert den 10 l/m² bliwwen.

Bis de Mëttwoch soll et weiderhin där wierklech méi naasser Momenter ginn. Den amerikanesche GFS rechent mat tëscht 22 bis 34 l/m², de Maximum gëtt laanscht de nërdleche Weste vum Land berechent. Den europäeschen ECMWF ass mat net grad esou héije Wäerter dobäi a simuléiert 15 bis 23 l/m². Déi naasst Flecke sollen de Westen, mee awer och Deeler vum Südoste ginn.

Ee Modell deen de Moment e bëssen aus der Rei danzt ass de franséischen ARPEGE, deen 23 bis 43 l/m² bis de Mëttwochowend spéit op eis duerkomme gesäit. Am meeschten dovu betraff soll de Weste vum Land sinn, mee och am Südoste, knapp hannert der Grenz, soll et zimmlech naass ginn. E gréissere Kontrast entsteet, wann een dëst mat de Berechnunge vum däitschen ICON vergläicht: 10 bis 22 l/m² gi grad emol vun dësem berechent.

Sou wéi déi momentan Situatioun ausgesäit, géif ech schätzen, dass bis un de Schluss vun der genannter Period Quantitéite vun tëscht 12 a 25 l/m² am realistesche Beräich sinn. Wéi ëmmer kann et awer lokal begrenzt och mol zu klengen Differenzen a Form vun Ausräisser kommen.