Ausbléck: Bis de Mëttwoch keng gréisser Reequantitéiten ze erwaarden

Et ass Ufanks der Woch – also kucke mir eis elo mol un, wéi sech d’Situatioun a Punkto Nidderschléi entwéckle wäert.

Keng gréisser Quantitéiten ze erwaarden

All ze vill soll et de Modeller no net reenen. Den amerikanesche Wiedermodell GFS simuléiert de Moment tëscht 1 bis 3 l/m², déi bis an de spéide Mëttwochowend era fale sollen. Dat meescht dovu soll laanscht den äusserste Westen erofkommen, dat mannst am Südosten. Den europäeschen ECMWF rechent e bësse méi, mee vun der Verdeelung hier soll et änlech ausgoen. Tëscht 4 a 6 l/m² gi berechent.

De franséischen ARPEGE rechent erëm laanscht de Westen déi naasst Plazen, vun de Quantitéiten hier solle mir bei 0,5 bis 1 l/m² leien. Vun der Verdeelung hier onverännert mee gréisser ënnerschiddlech an de Quantitéiten ass den däitschen ICON mat 3 bis 10 l/m².

Fazit: Et sollt ee sech vun dëse Berechnungen am Allgemenge Quantitéite vun tëscht 2 a 5 l/m² erwaarden, just lokal sollten mol Ofwäichungen optriede kënnen.