Ausbléck: Bis de Sonnde knapp iwwer 20 Grad méiglech

De Weekend iwwer kritt sech zanter laangem mol rem eng Kéier méi stabilen Héichdrockafloss duerchgesat. Et gëtt manner naass, méi sonneg a virun allem méi waarm.

fir d’lescht aktualiséiert: Donneschden, 27. Mee 2020

Grousswiederlag

Vum Atlantik hier, ausgoend vum Azorenhéich, gëtt a Richtung Mëtteleuropa eng Héichdrockbréck opgebaut. Duerch des Héichdrockbréck gëtt d’Zoufuer vun Déifdrockgebitter a Kalfronten vum Atlantik hier blockéiert. D’Resultat: méi bestännegt a frëndlecht Wieder zu Lëtzebuerg.


D’Grousswiederlag de Weekend iwwer | Grafik: wxcharts.com

Freiden, 28. Mee 2021

De Freidemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 7 a 9 Grad a klammen am Virmëtten op 11 bis 15 Grad erop. Et kommen e puer Wolleken dobäi, et bleift awer dréchen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 15 an 20 Grad ze erwaarden, déi méi déck Wolleke bleiwe bei eis. Dotëscht weist sech d’Sonn zäitweis. Et bleift dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 7 an 10 Grad zréck, et gëtt lues a lues manner wollekeg.

Samsden, 29. Mee 2021

De Samsdemoien ass et nach méi oft gro duerch Wolleken- a Niwwelfelder, d’Temperature leien tëscht 8 an 11 Grad a klammen am Virmëtten op 13 bis 16 Grad erop. Et gëtt ëmmer manner wollekeg an d’Sonn kritt besser Chancen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 16 a 19 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordosten. An de Spëtzte ginn 30 km/h areecht. Sonn a Wolleke wiessle sech weiderhin of, et bleift dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 8 an 10 Grad zréck, den Himmel kläert op.

Sonnden, 30. Mee 2021

De Sonndemoien ass den Himmel gréisstendeels kloer, e puer eenzel Niwwelfelder kënne net ausgeschloss ginn. D’Temperature leien tëscht 9 an 11 Grad a klammen am Virmëtten op 13 bis 16 Grad erop. Et bleift frëndlech a sonneg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 18 an 22 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Ost-Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et zéien e puer eenzel Wolleken duerch, et bleift awer dréchen. D’Sonn weist sech och weiderhin. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 8 an 10 Grad zréck, den Himmel kläert op.