Ausbléck: Bis den Dënschdenowend kann et nach naass ginn, duerno dréche Phas

Bis den Dënschde mat soll et nach e bëssen zu Lëtzebuerg reenen, ier héije Loftdrock d’Haaptroll iwwerhëlt an et fir eng Zäit méi dréche gëtt.

Am Laf vun der Woch wäert et ëmmer manner oft naass ginn. Fir den Ufank hu mir et awer nach mat e puer Nidderschléi ze dinn.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent bis de Mëttwoch inclus mat Quantitéite vun tëscht 2 a 5 l/m². Am naasste soll et erëm am äusserste Weste vum Land ginn. Den europäeschen ECMWF rechent mat 3 bis 6 l/m² a läit also an engem änleche Beräich. Och dëse Modell simuléiert, dass et tendenziell laanscht de Westen am naasste soll ginn.

De franséischen ARPEGE rechent am Westen an och laanscht Musel mat de meeschte Nidderschléi, tëscht 5 an 8 l/m² sollen erofkommen. Den däitschen ICON rechent et vun der Verdeelung hier bal d’selwecht wéi den ARPEGE an och wat d’Quantitéiten ugeet sinn d’Differenze net all ze grouss. 4 bis 9 l/m² gi simuléiert.

Alles an allem gesi mir, dass déi ausgesicht Modeller sech méi oder manner iwwer d’Reequantitéiten eenz sinn, déi bis an de spéide Mëttwoch eran zu Lëtzebuerg erofkomme sollen. Vum Dënschdenowend u bis de Freiden dominéiert Héichdrockwieder.

D’Prognose fir déi nächst Deeg fannt Dir hei.