Ausbléck: Bis Enn der Woch si nach uerdentlech Nidderschlagsquantitéite méiglech

An dësem Artikel kucke mir net nëmmen op d’Reequantitéite bis de Freiden inclus, mee och driwwer eraus.

De Reen bis de Freiden inclus

Fir unzefänken awer elo mol de Nidderschlag, deen eis bis de Freiden usteet. De Moment, an deem dësen Artikel geschriwwe gëtt, kommen eis aus Frankräich laang unhalend an deels och méi kräfteg Nidderschléi méi no. Dës kënnen eis alleng haut op lokaler Basis warnrelevant Reequantitéite bréngen – hei e Link dozou. Muer um Donneschde gëtt et e bësse manner, dësen Trend setzt sech dann och de Freide fort. Geet ee vum aktuelle Standpunkt aus (23.12.2020 – 08:50 Auer) bis an de spéide Freidenowend eran, dann hätte mir dem amerikanesche GFS no Quantitéite vun tëscht 18 a bal 35 l/m² ze erwaarden, besonnesch laanscht de Weste soll et am naasste ginn. Parallel dozou rechent den europäeschen ECMWF mat tëscht 16 an ëm 27 l/m² mam Schwéierpunkt laanscht de Weste mee deels och am Südoste vum Land.


De Reen bis de Freiden inclus laut dem amerikanesche GFS Modell | Grafik: wxcharts.com

De franséischen ARPEGE ass am Norde mat bis zu 20 l/m² dobäi, am Rescht vum Land soll eppes tëscht 20 an 30 l/m² falen. De Schwéierpunkt gëtt vun dësem Modell fir de Südwesten an de Südosten simuléiert. Dem däitschen ICON no falen un der äusserster Nordspëtzt bis zu 16 l/m², laanscht de Westen an den Osten tëscht 18 a 27 l/m².

Hëlt een d’Moyenne vun den ausgesichte Modeller, dann hätte mir bis un de Schluss vun der virausgesoter Period mat tëscht 17,5 a 29,75 l/m² ze rechnen.

Kuerze Bléck driwwer eraus

Dem aktuelle Stand vun de Modellrechnunge no soll et um Samsden mee besonnesch de Sonnden erëm zu méi nennenswäerten Zomme kommen. A Verbindung mat de méi wanterlechen Temperature kéint e wesentlechen Deel vun dëse Nidderschléi haaptsächlech op de Koppen als Schnéi falen. Akkumuléiert gesi rechent de GFS mam Weekend abegraff mat Quantitéite vu bis ëm 73 l/m² laanscht de Westen, am ganze Rescht vum Land mat 40 bis 60 l/m². Den ECMWF rechent ëm 10 l/m² manner, d’Iddi ass awer déi selwecht. Et däerf ee gespaant sinn, wéi dat mat der Temperaturentwécklung ofleeft, well dës driwwer entscheed, wéi vill vun dësem zousätzleche Reen eventuell als Schnéi erofkomme kéint. Dëst ass awer fir en aneren Update.


Den akkumuléierte Spektrum dem däitschen ICON no bis de Sonnden inclus | Grafik: wxcharts.com