Ausbléck: Bis Enn November reent et quasi guer net méi

Wat de Reen betrëfft, komme mir de Moment net esou gutt ewech. Duerch den Héichdrockafloss si keng gréisser Reequantitéiten a Siicht. Uersprénglech hätt et elo de Freide méi kënne reenen, mee d’Modeller hunn dat schonn erëm quasi ganz ewechgerechent.

Kuerzfristeg bal kee Reen

Den amerikanesche Modell GFS war mat Quantitéite vu bis em 5 l/m² dobäi, mee rechent elo an enger Period vun elo bis de Freidenowend spéit nëmme nach mat 0 bis 0,4 l/m. Dat meescht dovu soll am Norden erofkommen. Den europäeschen ECMWF rechent net vill méi an ass mat 0,4 bis 1 l/m² dobäi.

De franséischen ARPEGE gesäit och keng besonnesch grouss Chance op genuch Reen, grad emol tëscht näischt a 0,6 l/m² gi berechent. Den däitschen ICON, deen dofir bekannt ass, oft alles bëssen anescht ze rechnen wéi déi aner Modeller, rechent mat genee näischt.

Geet ee vun de Simulatiounen vum europäeschen ECMWF aus, da soll et bis Enn November wuel net méi wierklech richteg reenen. De Verlaf fir déi nächst Deeg fannt Dir ënnert dësem Link.

Keng gréisser Ännerung bis den éischten Dezember


Kaum Reen bis Ufanks Dezember 2020 laut dem Groussdeel vun de Modeller | Grafik: wxcharts.com

Sou wéi déi aktuell Modellrechnungen et gesinn, bleiwe mir bis Enn November inclus gréisstendeels ënnert dem Afloss vun héijem Loftdrock. Androcksvoll ass dëst och op der Kaart hei uewendriwwer ze gesinn, wéi iwwer Mëtteleuropa quasi e Lach ze fannen ass, an deem et net all ze vill reene sollt an och wäert.