Ausbléck: Bis zu 35 Grad, Risk vun Donnerwieder klëmmt

D’Summerwieder huet Lëtzebuerg am Grëff, vun haut u gerode mir dann och esou lues ënnert déi héichsummerlech Loftmass mat iwwer 30 Grad.

D’Temperaturen

Héije Loftdrock iwwer Mëtteleuropa an méi déiwe Loftdrock iwwert dem Westen/Südweste vum Kontinent transportéiere summerlech bis héichsummerlech Loftmassen op Lëtzebuerg. An de nächsten Deeg bleift et also net nëmme waarm, et gëtt esouguer nach méi waarm.


D’Loftmasse gi méi waarm, mee och méi fiicht | Animatioun: wxcharts.com

Eis Temperature packen et haut um Dënschde viraussiichtlech op 25 bis 31 Grad, um Mëttwoch si mir mat 28 bis 34 Grad dobäi. Den Donneschde soll dann de Peak mat 31 bis 35 Grad markéieren. An den Deeg drop, also bis de Sonnden inclus, gëtt et liicht manner waarm, mee mir si mat Wäerter vun tëscht 25 an 30 Grad ëmmer nach am Summerberäich.

Donnerwiederrisk

Et freet ee sech elo och, wéini dann déi nächst Donnerwieder an d’Spill kommen. E geneeën Zäitpunkt kann een zwar nach net ausmaachen, de Risk dofir wäert awer vum Donneschden u klammen. Duerch en Donnerwiederdéif, wat sech vum Donneschden u bis Enn der Woch aus Südfrankräich hier a Richtung Belsch beweegt, gerode mir ënner zimmlech schmeier Loftmassen. Obwuel ee nach net soe kann, u wéi engem Dag konkret eng Gefor fir Lëtzebuerg besteet kann een elo schonn soen, dass bei dësen Donnerwieder an dëser energieräicher Loftmass Stuermstéiss, gréisser Knëppelsteng a Staarkreen wäerte virprogramméiert sinn.