Ausbléck: Dagsiwwer ënner 20 Grad, Nuechte Buedemfrascht méiglech

Jiddereen, deen dat waarmt a summerlecht Wieder gär huet, sollt den Dag vun haut genéissen. Vu muer u schléit et ëm.

Tendenz: Ëmmer méi kill, ganz lokal Buedemfrascht net onméiglech

Wéi schonn am Wochenausbléck betount, wäert des Woch nach eng interessant ginn. Vum Mëttwoch u komme lues awer sécher kill Loftmassen aus dem héije Nordwesten op Mëtteleuropa gezunn, déi eist Wieder heiheem komplett ëmstelle wäerten. Schold dodrun ass d’Zesummespill aus dem Azorenhéich, déiwem Loftdrock iwwert de britteschen Inselen an engem Héich, wat nach méi wäit iwwert dem Oste vum Kontinent läit. Bis Enn der Woch wäerte sech vun de Britteschen Inselen aus Déifdrockgebitter kënnen iwwer Mëtteleuropa breetmaachen.


D’Situatioun am Freidevirmëtten | Grafik: wxcharts.com

De Wiederëmschwong mécht sech also haaptsächlech wat d’Temperaturen ugeet bemierkbar. An de nächsten Deeg ass mat engem däitlechen Ofwäertstrend ze rechnen: iwwerdeems mir et haut um Dënschde nach mat Maximaltemperature vu 24 bis 27 Grad ze di kréien, sinn et de Mëttwoch nach 21 bis 23 Grad. An den Deeg drop geet et weider erof, den Donneschde wieren de momentane Wiedermodellrechnunge no nach 16 bis 20 Grad dran, de Freiden 11 bis 15 Grad, genee wéi och um Samsden a Sonnden. Net nëmmen dagsiwwer gëtt et kill, mee och an de Nuechten. Bleiwen d’Modellrechnunge wéi de Moment, da kéint et an der Nuecht op de Freiden, Samsdsen a Sonnde punktuell begrenzt (méiglecherweis erëm primär an den Däller) zu Buedemtemperaturen an der Géigend vum Gefréierpunkt kommen. D’Lofttemperature kéinten do nämlech op bis zu 3 Grad falen.

Unzeeche fir Reen gi méi heefeg

Mir hunn et, wéi Dir et sécherlech wësst, mat enger verschäerfter Situatioun vun enger Dréchent ze dinn. De meteorologesche Summer 2020 ass ze waarm an ze dréchen ausgefall, wat sech bis ewell och nach bis an de meteorologeschen Hierscht eragezunn huet. Mat deem wat eis an de nächsten Deeg erwaart, erhofft ee sech fir d’Joreszäit normal Temperaturen an erëm uerdentleche Landreen, fir dass d’Natur sech wéinstens e klengt Stéckchen erhuele kann.

Déi fréist Nidderschlagssignaler ginn et fir d’Nuecht op den Donneschden – eng Kalfront passéiert eis vu West no Ost. Weider Chance ginn et nach an de Stonnen drop resp. an der Nuecht op de Freiden, wann awer och net méi grad esou markant. Och am Freidenomëtte besteet momentane Berechnunge no eng minimal Schauerwarscheinlechkeet. Am Allgenge méi heefeg ginn d’NIdderschlagssignaler sou vum Weekend un, wou et wierklech reegelméisseg an och méi groussflächeg reene kéint. Et bleift also staark ze hoffen, dass d’Wiedermodeller et sech net op eemol awer erëm anescht iwwerleeën – wéi et dëst Joer leider schonn oft de Fall war.