
Just den ICON mat méi héije Quantitéiten
Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent am ganze mat tëscht 1 an 2 l/m², a Richtung héije Norden soll et tendenziell am naasste ginn. Den europäeschen ECMWF rechent mat 2 bis 4 l/m² an ass och der Meenung, dass et um nërdlechsten Zipfel vum Land am naasste gëtt.
De franséischen ARPEGE ass mat tëscht 1 a 4 l/m² dobäi a gesäit et vun der Verdeelung hier änlech wéi den ECMWF. Den däitschen ICON mécht dës Kéier e klenge Kontrast a berechent 6 bis 10 l/m². Den äusserste Weste soll de meeschte Reen/Nidderschlag ofkréien.
Di nächst Kalfront passéiert eis an der Nuecht op den Donneschden, eng zweet schonn um Donneschdenomëtten. E weidere Frontesystem ass schonn um Freide bei eis ënnerwee a passéiert eis an der Nuecht op de Samsden. Wärend dësen Zäite wäert et also och am warscheinlechste naass ginn.
D’Prognose fir déi nächst Deeg fannt Dir hei.