Ausbléck: De Reen-Check bis de Freiden inclus

Nodeems de Reen an de leschten Deeg keen Thema war, gëtt dëse vun haut un awer no a no erëm méi interessant.

Deels gréisser Ënnerscheeder

De Gros vun de Nidderschléi, déi vun de Modeller fir déi nächst Deeg gerechent ginn, gi vu lokale Schaueren an Donnerwieder aus. Dës Nidderschléi triede, wéi gesot, lokal begrenzt op a nëmmen a rare Fäll méi groussflächeg. Et kann dowéinst bei de genannte Quantitéite vun den eenzelne Modeller zu gréisseren Ënnerscheeder op kierzter Distanz kommen.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass mat 18 bis 35 l/m² bis de Freiden inclus dobäi, dat meescht dovu soll laanscht de Westen erofkommen. Wéi gesot, kann een d’Andeelung net ganz fir voll huelen, well déi potenziell Schaueren an Donnerwieder komplett no Zoufallsprinzip optriede wäerten. Den europäeschen ECMWF rechent mat tëscht 7 a 15 l/m², wat d’Verdeelung ugeet ass et mat dësem an och de nofolgende Modeller d’selwecht. De franséischen ARPEGE ass der Meenung, dass mir et uechter d’Land mat tëscht 5 an 13 l/m² ze di kréien, den däitschen ICON ass mat 6 bis 11 l/m² dobäi.

Dir mierkt: ënnert de Modeller mee och duerno an der Realitéit wäert et zu deels gréisseren Ënnerscheeder op klengstem Raum kommen. Deemno wéi kënnen och Flecken dobäi sinn, déi sou gutt wéi iwwerhaapt kee Reen ofkréie wäerten. Hëlt een den Duerchschnëtt vun den ausgesichte Modeller, da komme mir bei tëscht 9 an 18,5 l/m² un, déi an de nächste Stonne bis de Freiden inclus vum Himmel komme sollen.