Ausbléck: De Reen-Check bis de Freiden inclus

Wéi an de leschten Deeg ugemierkt, wäert den Déifdrockafloss vun der zweeter Wochenhallschent u méi oft dotëschtfunken. Doduerch wäert et och zu eenzelne naasse Momenter kommen.

Weiderhi keng gréisser Quantitéiten an Aussiicht

An de kommenden Deeg kann et wuel zäitweis naass ginn, all ze grouss Quantitéite stinn awer keng un.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat tëscht 1 bis 4 l/m², dat vun elo un bis de Samsdemoie fréi 0 Auer. Am naasste soll et dobäi tendenziell laanscht de Südoste vum Land ginn, also an der Muselgéigend. Den europäeschen ECMWF rechent mat tëscht 2 a 4 l/m², déi méi oder manner gläichméisseg verdeelt iwwert dem Land erofkomme sollen. De franséischen ARPEGE ass mat tëscht 1 a 5 l/m² dobäi a gesäit, genee wéi de GFS, haaptsächlech laanscht d’Musel an de Südoste vum Land de meeschte Reen. Den däitschen ICON ass erëm bësse méi zréckhalend ënnerwee a berechent tëscht näischt bis hin zu 1 l/m², dat erëm mam “Schwéierpunkt” laanscht d’Musel.

Wann een den Duerchschnëtt vun den ausgewielte Modeller hëlt, da kënnt ee bei tëscht 1 a 3,5 l/m² eraus, déi vun elo un bis de Freiden inclus vun uewen erofkomme kënnen.