Ausbléck: De Reen-Check bis de Mëttwoch inclus

Mir komme gréisstendeels ouni Nidderschléi duerch déi éischt Wochenhallschent. Eréischt vum Mëttwochnomëtten u geet d’Warscheinlechkeet an d’Luucht.

Situatioun

Um Méinden an och um Dënschde bleift et mat grousser Warscheinlechkeet dréchen. Et ass eréischt um Mëttwoch wou d’Warscheinlechkeet vu Schaueren an d’Luucht geet – dat duerch e klengt Déif, wat vu Frankräich hier a Richtung Lëtzebuerg gezu kënnt.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent an enger Zäitspaan vum Méinde bis de Mëttwoch inclus mat tëscht näischt bis hin zu 0,8 l/m² – am Nordweste vum Land soll et dobäi am naasste ginn. Den europäeschen ECMWF ass wärend der selwechter Zäitspaan mat tëscht 1 an 2 l/m² dobäi – gerechent ginn dës Quantitéite groussflächeg. De franséischen ARPEGE berechent tëscht näischt bis hin zu 0,4, dat meescht soll laanscht d’Musel erofkommen. Den däitschen ICON hält sech, wéi esou oft, zréck. Dëse gesäit bis un de Schluss vum Zäitraum keng Nidderschléi.

Fazit:

Wat déi ausgesicht Modeller ugeet, soll et bis de Mëttwoch inclus tëscht 0,25 a 0,8 l/m² reenen. Well et bia den Dënschde mat dréche bleiwe soll, sinn dës Quantitéiten also éischter fir de Mëttwoch ze erwaarden.