Ausbléck: De Reen-Check bis de Mëttwoch inclus

Bis de Mëttwoch sinn heiansdo e puer vereenzelt Nidderschléi ze erwaarden. Wierklech nennenswäert Quantitéiten trieden awer just vereenzelt op.

Kleng Modell-Differenzen

Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass mat Quantitéite vun tëscht 2 bis 4 l/m² dobäi, dat an enger Zäitspan vum fréie Méindemoie bis an de spéidere Mëttwochowend eran. De meeschte Reen dovu soll tendenziell am äusserste Norden erofkommen. Den europäeschen ECMWF gesäit e bësse méi Nasses op eis duerkommen, dat mat 7 bis 15 l/m². Dësem Modell no kënnt de meeschte Reen an enger Sträif vum Nordosten bis erof an de Südwesten erof.

Den däitschen ICON gesäit erëm e bësse manner Reen, dësen ass mat 2 bis 5 l/m² ënnerwee – am naasste soll et laanscht d’Musel ginn. Genee wéi den ECMWF ass och de franséischen ARPEGE mat gréissere Reenzommen ënnerwee. Dëse berechent tëscht 5 a 7 l/m², dat meescht soll am Norden erofkommen.

ECMWF & ARPEGE oder awer GFS & ICON

Fir sou gutt et geet op ee gemeinsame Nenner ze kommen, also op mannst mol wat déi ausgesicht Modeller ugeet, ass duerchschnëttlech mat tëscht 4 a 7,75 l/m² ze rechnen. Alles wat a Richtung 7 l/m² geet trëtt dann am warscheinlechsten op, wann dotëscht wierklech mol e puer deels méi kräfteg Schauere sollten dobäi sinn.