Ausbléck: De Reen-Check fir de Weekend

Déi meescht Modeller sinn der Meenung, dass de Weekend iwwer net wierklech nennenswäert Reequantitéiten ze erwaarde sinn – mat enger Ausnam.

Am grousse ganze keng gréisser Akkumulatiounen

De Weekend iwwer gerode mir ënner minimal méi staarken Déifdrockafloss, haaptsächlech um Samsden. En Zenario mat flächendeckendem Reen, bei deem och gréisser Quantitéite virkommen, ass awer net ze erwaarden.

Den amerikanesche Modell GFS ass den eenzege Modell, deen e bëssen eppes u Reen berechent. Dësen ass mat tëscht 4 an 10 l/m² dobäi, de Gros dovun soll um Samsden erofkommen. Vun der Verdeelung hier wier d’Nordspëtzt vum Land déi Géigend, déi am meeschte naass gëtt. Den europäeschen ECMWF gehäit mat 0 bis 0,8 l/m² e gréissere Kontrast an de Raum a gesäit fir de Südoste vum Land de “meeschte” Reen. De franséischen ARPEGE rechent mat tëscht 1 a 6 l/m², dat meescht dovu laanscht d’Grenz zu Frankräich. Dat mannst géif dëser Léisung no am Raum Veianen falen. Zu gudder lescht ass den däitschen ICON mat tëscht 0 a 0,8 l/m² dobäi, fiert also déi selwecht Schinn wéi den europäeschen ECMWF.

Als Fazit zéie kann een, dass egal wéi keng wierklech grouss Quantitéiten zustaane kommen. Wann et naass gëtt, dann net iwwerall. Wann een déi véier ausgesicht Modeller hëlt an den Duerchschnëtt zitt, da wieren tëscht 1,25 a 4,4 l/m² ze erwaarden.