Ausbléck: De Reen-Check fir de Weekend

De Weekend bleift d’Wieder variabel. D’Fro, déi ee sech elo stellt ass warscheinlech, wéi vill Naasses iwwerhaapt vum Himmel komme wäert.

Weiderhin ëmmer erëm Schauere méiglech

De Weekend iwwer kréie mir d’Westwiederlag, ënnert där mir de Moment leie, gutt ze spieren. Dës weist sech duerch e weider unhalende Mix aus décke Wolleken, eenzelne Schaueren (deemno wéi och mol méi kräfteger, Blëtz an Donner net onméiglech) an och mol sonnege Momenter. Kucke mir eis elo d’Reequantitéiten un, déi den eenzelne Modeller no bis de Sonnden inclus bei eis erofkomme kënnen.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass mat tëscht 16 an 21 l/m² dobäi, laanscht de Weste soll et tendenziell am naasste ginn. Den europäeschen ECMWF ass mat tëscht 11 a 27 l/m² dobäi a gesäit de meeschte Reen fir de Südwesten an de Südoste vum Land. De franséischen ARPEGE rechent am meeschte Reen an huet tëscht 13 an 30 l/m² um Plang stoen. Dat meescht dovu soll iwwert dem Westen erofkommen. Den däitschen ICON, dee soss ëmmer zimmlech zréckhalend ënnerwee ass, ass dës Kéier och mat tëscht 10 an 20 l/m² dobäi. Tendenziell soll och dësem Modell no dat meescht u Reen am Westen an am Südweste falen.

Duerchschnëttlech gesinn, op mannst mol ënnert de véier ausgesichte Modeller, ass mat tëscht 12,5 bis 24,5 l/m² Reen bis de Sonnden inclus ze rechnen. Iwwert dem Weste gëtt et wuel am naassten, den Dag mat de meeschte Schauere schéngt de Sonnden ze ginn.