Ausbléck: De Reen-Check iwwert de Weekend

Iwwerdeems héije Loftdrock ëmmer méi Dominanz iwwer eist Wieder gewënnt, gëtt d’Warscheinlechkeet vu Schaueren och ëmmer méi kleng.

Héije Loftdrock hëlt zou

Iwwert de Weekend gerode mir ëmmer méi stabil ënner Héichdrockafloss. Virun allem um Sonnde si kaum nach Wolleken ënnerwee. Deementspriechend sollten och eis Reequantitéiten ausfalen.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat tëscht 1,5 bis 5 l/m². Am meeschte gëtt fir de Südweste berechent. Dass den amerikanesche GFS awer dee Modell mam meeschte Reen ass, weist den europäeschen ECMWF mat grad emol tëscht 0 an héchstens 1 l/m² – dës sollen dann besonnesch am Nordweste vum Land erofkomme kënnen. De franséischen ARPEGE rechent mat nach manner an ass mat 0 bis 0,5 l/m² ënnerwee – d'”Hotspots” sinn de Nordwesten an den Osten. Fir ofzeschléissen hu mir den däitschen ICON, dee mat genee guer kengem Reen rechent.

Fazit

Am Duerchschnëtt sollen also vun elo un bis de Sonnden tëscht 0,375 an 1,625 l/m² vum Himmel kommen. Dëst trëfft awer allerhéchstens nëmmen op ganz enk begrenzt Géigenden zou, meeschtens soll et nämlech sou gutt wéi iwwerall komplett dréche bleiwen.