Ausbléck: De Summer schafft un engem Comeback!

Duerch de ville Reen schéngt de Summer de Moment immens wäit fort. Eventuell kéinte mir awer geschwënn belount ginn, wa mir nach e bësse méi laang op d’Zänn bäissen.

Ëmstellung vun der Grousswiederlag

Déi naass Period wäert um Donneschde lues a lues op en Enn goen. och um Freide kann et ufanks wuel nach zu eenzelne Nidderschléi kommen, ier et de Weekend selwer awer gréisstendeels dréche bleiwe sollt. Eist Reen-Déif verzitt sech also an et gëtt Plaz fir méi héije Loftdrock gemaach. Bis de Sonnde solle mir et mat engem groussen Héich iwwert de Britteschen Inselen ze dinn hunn, parallel dozou géif dann e klengt Déif iwwert dem Südweste vu Spuenien an e weidert Héich iwwert dem Mëttelmierraum leien. Duerch dës Konstellatioun kéimen erëm méi waarm Loftmassen op Mëtteleuropa gezunn. Duerch den héije Loftdrock wiere Nidderschléi logescherweis och net méi sou present wéi de Moment.


D’Ëmstellung vun der Grousswiederlag bréngt erëm Summertemperature mat sech | Animatioun: wxcharts.com

Aus aktueller Siicht gesinn markéiert de Freide nach en Iwwergangsdag, bestoend aus engem Mix aus Sonn a méi décke Wolleken – ufanks ass mol nach, wéi gesot, eng eenzel Schauer méiglech. 17 bis 22 Grad sinn ze erwaarden. Um Samsde soll et dann schonn e gutt Stéck méi sonneg ginn, 21 bis 25 Grad stinn un. Et gëtt also op den éischte Plazen erëm summerlech, ganz warscheinlech fir d’éischt laanscht de Südosten an Oste vum Land. Um Sonnde gëtt et nach e Stéck besser, d’Temperature klammen op 23 bis 27 Grad. Halen d’Modeller hire momentanen Trend bäi, da kriite mir de Méinde richteg schéint Summerwieder duerch vill Sonn bei 23 bis 27 Grad.