Ausbléck: De Wanter probéiert et erem!

Eng Zäitche laang soll et nach mëll zu Lëtzebuerg bleiwen. Scho gläich kéint et daat awer gewiecht sinn, sou verschidde Modellrechnungen.

Wanterabroch an der zweeter Dezemberhalschend?

Prognosen oder Aussiichten zum Thema Wanter sinn an dësen Deeg komplizéiert ze maachen an erfuerderen och e bësse Gléck. Wisou Gléck? An de leschte Méint koum et scho puer mol fir, dass verschidde Modellrechnunge wochelaang am Viraus en Szenario gerechent hunn, deen och nach dräi Deeg virum berechneten Antreffen weiderhin sou simuléiert gouf, mee de nächsten Dag scho rem verflunn war. Dohier beschreiwen déi folgend Zeile just daat, waat de Moment (Stand: 4. Dezember 2018) berechent gëtt. Wa néidëg, erfollëgt natierlech en Update a Form vun engem weideren Artikel.

Bis de Weekend leie mir mol sëcher nach ënnert der aktueller Westwiederlag, déi eis no laanger Zäit méi Reen a méi Wand bruecht huet an och nach brénge wärt. D’Temperature maachen daat, waat se am Joer 2018 bisewell am beschte konnten: ze waarem vir d’Saison ausfaalen.

Tatsächlech Temperaturréckgang oder nëmme waarem Loft?

Um GEFS Ensemble ass déi momentan “Problematik” gutt ze erkennen. Zwar gëtt eenheetlech ëmt dem 10. Dezember mat engem markanten Temperaturréckgang gerechent, wou och e puer eenzel Schnéiflacken ze erwaarde wieren. Waat déi Deeg drop ugeet, gëtt et scho rem schwierëg. De Groussdeel vun alle Memberen (eenzel Linnen op der Grafik) sinn der Meenung, dass den Duerchschnëtt op ënnert oder ëmt de Gefréierpunkt faale wärt. Dëst géif bedeiten, dass mir et am Dag souwéi och an der Nuecht mat Temperature vun ëm 0 Grad ze di kriiten.

Den Haapt-GFS-Laf rechent ab dem 11. Dezember awer, ganz onofhängeg vun deenen anere Memberen, mat enger neier Erwiermung a Richtung 8 Grad am Dag. Dëst wier natierlech ze waarem vir jeglech wanterlëch Entwécklungen a kéint dozou féieren, dass de Mount Dezember, genee sou wéi de Laangzäitmodell CFS vun der NOAA et prophezeit, ze waarem op en Enn geet.

Eis stinn also zwou Varianten zur Verfügung: Entweder geet et an der zweeter Halschend vum Dezember sou weider wéi de Moment ODER de Wanter kënnt lues a lues ugeschlach. Et gëtt spannend!

GEFS Ensemble (meteociel.fr)