Ausbléck: De Wanter schläicht sech esou lues un

De Moment muss een a Saache Wanter zwar eng grouss Tuut Gedold matbréngen, mee lues awer sécher geet et an déi richteg Richtung.

Ëmmer méi oft Frascht, mee…

De grousse Schnéi an e richtege Wanterabroch kann ech an dësem Artikel/Update zwar nach net ukënnegen, mee et geet op mannst mol mat eisen Temperaturen an déi richteg Richtung. Dat net nëmme, well et generell vun der Joreszäit hier Wanter gëtt, mee och wat d’Grousswiederlag an hir Modellrechnungen ugeet. Wéi an dësem Artikel ugeschwat, wäert et duerch den Héichdrockafloss a nächster Zäit guer net bis nëmme ganz e bësse reenen. Eis Temperature wäerten alleng schonn aus deem Grond lues a lues fale, well mir duerch eng ëstlech Stréimung och ëmmer méi oft där killer a polar Loftmassen zougespillt kréien.


GEFS-Ensemble bis den 11. Dezember | Grafik: meteociel.fr

E Bléck op den aktuellen Ensemble vum amerikaneschen Ensemble-Modell GEFS weist dëst och ganz androcksvoll. D’Linnen, also déi eenzel Memberen déi zu dësem Ensemble bäidroen, gi vum éischten Dezember un lues a lues ëmmer méi oft op de Niveau vum Gefréierpunkt zréck. Sollten dës Berechnungen esou bleiwen a sech och duerchsetzen, da kënnt et och däitlech méi oft zu Frascht zu Lëtzebuerg, dee sech och mol bis an den Dag eranzéie kann. Iwwerdeems soll och ëmmer nach den Héichdrockafloss dominéieren, wouduerch et zäitweis duerch Niwwel och där méi groer Passage kéint ginn. Et gesäit am grousse Ganzen einfach no rouëgem spéithierschtlechem Wieder aus, wat lues a lues op rouegt a wanterlecht Wieder ëmschléit.

A wat seet de Schnéi?

An de leschte Leef vun de Modeller GFS an och ECMWF daucht ëmmer méi oft d’Optioun op Schnéi op. Mee: et handelt sech bis elo ëmmer nëmmen ëm immens geréng Quantitéiten, déi net wierklech relevant sinn an och net nohalteg wieren. Tëscht der viraussiichtlecher haaptsächlech killer Stréimung sinn heiansdo och Stéiss vu méi mëlle Loftmasse méiglech, déi den éischte liicht wanterlechen Touch ëmmer erëm ënnerbrieche kënnen. Dat mat dësen “Ënnerbriechungen” ass iwwrëgens e ganz bekannt Muster aus de leschten 2, 3, 4 Wanteren, wat sech och dës Kéier widderhuele kann. Mee mol kucken…


Berechnung vu gerénge Schnéiquantitéite fir den 10. Dezember, déi beim nächsten Update awer schonn erëm fort kënne sinn | Grafik: wxcharts.com

Livestream vum 26. November 2020