Ausbléck: De Wanter wëll nach net sou richteg

D’lescht Woch hat ech jo eng kleng Wahrscheinlechkeet vun den éischte Schnéiflacken op den héchste Koppe vun eisem Land ugeschwat. Wat doraus ginn ass a wéi et demnächst viru goe wäert, erkläeren ech Iech an dësem Artikel.

Et gëtt rem méi mëll

Direkt mol fir unzefänke, muss ech d’Wanterfans ënnert Iech enttäuschen. Den Trend, dee besot huet, dass Enn der Woch déi éischt Schnéiflacke méiglech sinn, konnt sech leider net duerchsetzen, och wann des Méiglechkeet nach bis virun e puer Deeg an de Modellkaarten ze gesi war. Wat awer bleift ass d’Chance, dass sech sou Probabilitéiten an de nächste Woche nach e puer mol kënnen erginn (virun allem, well mir dem Wanter jo ëmmer méi no kommen).

Mir gerode vun haut un rem lues a lues ënner Déifdrockafloss, wat ee virun allem de Weekend mierke wäert. Bis dohi bleiwen eis Temperaturen am Dag nach tëscht 8 an 12 Grad, woubäi d’Wolleke rem méi Präsenz weise wäerten. De Weekend selwer gesäit et aus dem aktuelle Standpunkt aus gesinn no ville Wolleken a Schaueren aus. D’Temperature klammen iwwerdeems rem op 14 Grad um Freiden, 16 Grad um Samsden a viraussiichtlech 14 Grad um Sonnden. D’Thema méigleche Frascht an de Nuechte, wéi mir et de Moment hunn, gëtt et och net méi wierklech.

E potenziell méi turbulente Schluss vum Weekend/Ufank vun der nächster Woch (GFS – wxcharts.com)

Ass demnächst mat stiermesche Situatiounen ze rechnen?

Wat kéint demnächst nach interessant ginn? Den amerikanesche Modell GFS gesäit fir de Sonnden/Ufank vun der nächster Woch d’Wahrscheinlechkeet vun engem Orkandéif, wat och Lëtzebuerg mat séngem Stuermfeld beaflosse géif. Och den europäesche Modell gesäit dat sou op eis duerkommen, iwwerdeems déi aner Modeller sou ähnlech Saache nach net um Schierm hunn. Wat dat ugeet, gitt Dir natierlech um Lafende gehalen.

Kuerze Bléck op déi nächst Woch

No engem mëllen a fir d’Joreszäit ze waarme Weekend sollen d’Temperaturen d’nächst Woch rem zréck goen, mee a wierklech klenge Schrëtt. Sollt et sou weider goen, da klëmmt d’Wahrscheinlechkeet vu Frascht an de Nuechte rem a Richtung iwwernächste Weekend. Bis dohi soll et och ëmmer rem reene kënnen, op alle Fall méi, wéi mir et an de leschten Deeg erlieft hunn.