Ausbléck: De Weekend iwwer kéint et méi naass ginn

Bis den Donneschde mat bleift et nach gréisstendeels bei net weider nenneswäerte Nidderschlagsquantitéiten. Duerno gëtt et méi fiicht.

Bis den Donneschde mat nach gréisstendeels dréchen

Et bleift elo nach gréisstendeels dréche bei eis.. also op mannst mol “richtege” Reen erwaart eis keen. Déi eenzeg Nidderschléi, mat deene mir et haut a muer kënnen ze di kréie, si meeschtens Fisemreen duerch lokal Niwwelfelder. Vum Freiden u soll den Atlantik awer erëm méi aktiv bei eis ginn, wat erëm plazeweis zu nennenswäerte Reequantitéite féiere kann.


D’Reequantitéite bis de Freiden inclus dem amerikanesche GFS no | Grafik: wxcharts.com

Déi méiglech Quantitéite bis de Freiden inclus

Den amerikanesche GFS rechent mat tëscht 5 a 9 l/m², am äusserste Süde soll de meeschte Reen erofkommen. Den europäeschen ECMWF gesäit tëscht 4 a 6 l/m² op eis duerkommen, dat meescht soll och méi am Südwesten dobäi sinn. Och den ARPEGE gesäit dat änlech a berechent Reequantitéite vun tëscht 5 an 10 l/m². Den däitschen ICON huet erëm de mannste Reen am Gepäck an ass mat tëscht 1 a 4 l/m² dobäi. Wéi et schéngt, sinn all déi ausgesicht Modeller der Meenung, dass dës Kéier d’Südhallschent de meeschte Nidderschlag ofkréie soll.

Och iwwert de genannten Zäitpunkt vum Freiden eraus, sinn den aktuelle Modellrechnunge no de Weekend selwer iwwer weider Nidderschléi ze erwaarden. Parallel dozou gëtt et méi mëll, wanterlecht Wieder huet dann also keng all ze gutt Chancen méi.