Ausbléck: De Weekend iwwer reent et net vill

Et gëtt mol erëm Zäit op d’Reequantitéite fir déi nächst Zäit ze kucken. A wéi scho gesot, erwaart eis de Weekend iwwer net all ze vill naasses.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat tëscht 0,5 an 1 l/m². Dat meescht dovu soll am Südosten an Oste vum Land erofkommen. Den europäeschen ECMWF gesäit dat ganzt net vill anescht an ass och mat 0,5 bis 1 l/m² dobäi. Dësem Modell no soll et laanscht déi franséisch Grenz am naasste ginn.

Dass sech d’Modeller dës Kéier nawell zimmlech eenz sinn, weist och de franséischen ARPEGE. Dëse simuléiert tëscht 0,2 a 0,8 l/m². Dat meescht dovu wier am Nordweste vum Land ze erwaarden. Mat näischt bis 0,8 l/m² rechent den däitschen ICON, dee laanscht de Süden an den Oste mam meeschte Nidderschlag rechent.

De Weekend iwwer leie mir ënner liichtem Héichdrockafloss. Wat eis soss nach esou erwaart fannt Dir ënnert dësem Link.