Ausbléck: Demnächst Risk vu stiermeschen Entwécklungen

Knapps setzt sech rem déiwe Loftdrock duerch a scho mecht d’Wieder dat, wat vir dës Joreszäit normal ass: D’Wahrscheinlechkeet vu stiermëschen Entwécklunge klëmmt.

Weekend lëfteg, Méinde Stuerm méigleg

Iwwert de Weekend ass et oft lëfteg, warnrelevant Werter sollten awer net areecht ginn. D’Spëtzte wärte sech haaptsächlech tëschen 30 a 60 km/h ophaalen.

Eng méi interessant Wiederlag soll sech dann de Méinde bei eis breetmaachen: Eng Rei Modeller rechne mat engem Stuermdéif, wat am Laf vum Méinde mat séngem Kär iwwer d’britesch Inselen ewechzéie wärt. Südlech vum Kär gëtt mat engem Randdéif gerechent, waat mam Kär iwwer Holland an duerno iwwert de Norde vun Däitschland passéiere soll. Lëtzebuerg an e groussen Deel vu Mëtteleuropa géif domadden an e Stuermfeld gerooden. Nach ass et ze fréi vir genee Prognosen ze maachen, d’Wahrscheinlechkeet vu stiermëschem Wieder ass awer däitlech erhéicht.

Verglach tëschent de Modeller

ICON (wxcharts.com)

Den däitschen ICON ass dee Modell mat de stärkste Berechnungen. Sou sollen de Méinde bei eis Stuermstéiss vu 90 bis 110 km/h optrieden, am Fall vu staarke Schaueren oder dem engen oder aneren Donnerwieder wier souguer bësse méi net onméigleg.

ARPEGE (wxcharts.com)

De franséische Wiedermodell ARPEGE rechent de Méinden och mat Stuerm. Am Norde sollen em 75 km/h optrieden, am Süde bis zu 90 km/h.

GFS (wxcharts.com)

Souguer den amerikanesche Wiedermodell GFS ass der Meenung, dass d’Wieder um Méinden däitlech méi turbulent wärt ginn. Sou sollen ab de Moiesstonne Stuermstéiss vu bis zu 90 km/h optriede kënnen.

Fazit bisewell

Wat de momentane Stand ugeet, kann een d’Wandspëtzte gréisstendeels tësche 70 a 90 km/h agrenzen. Ënner Ëmstänn oder op exponéierte Platze/Koppe kéint et mol driwwer goen.

Sëcher ka nach kee soen, wéi et de Méinde wärt ginn. D’Wahrscheinlechkeet, dass et stiermësch gëtt, ass awer héich. Haalt d’Meldunge vu Météo Boulaide ënner meteoboulaide.com souwéi och op Facebook am Aen.