Duerch d’Ëmstellung vun der Grousswiederlag, déi eis an de nächsten Deeg erwaart, spillt och de Wand ëmmer méi eng Roll.
Et kënnt erëm méi Schwong an d’Wiedergeschéien
A Richtung Enn vum Joer klëmmt d’Warscheinlechkeet vun e puer méi leftegen Entwécklungen, deemno wéi kéint et och mol fir stiermesch Zenarien duergoen. Eppes méi lefteges berechent den amerikanesche GFS z.B fir de fréie Moie vun Hellegowend, wou Wandspëtzte vun ëm 40 bis 60 km/h optriede sollen. Eng nächst méi lefteg Situatioun gëtt fir de Sonndenowend gerechent, wou Wandvitesse vun ëm 75 km/h an de Spëtzten optriede sollen. Och den europäeschen ECMWF gesäit fir déi genannt Zäitpunkter méi staarke Wand. Besonnesch fir déi potenziell Situatioun um Sonndenowend leet dëse Modell nach eng Schëpp drop: et solle Stuermstéiss vun tëscht 75 an deels 95 km/h kënnen optrieden.
Dass et an de nächsten Deeg lefteg gëtt, ass sou gutt wéi sécher. Wat elo just nach méi onsécher ass, ass d’Situatioun vum 27. op den 28. Dezember. Bis dohin ass nach e bëssen Zäit, dowéinst gëlt et fir de Moment mol d’Modellrechnungen dozou am Aen ze behalen. Am Verglach mam leschten Update iwwert dëst Thema ass d’Stuermpotenzial e bëssen zréckgaangen.