Ausbléck: D’nächst Woch däitlech méi mëll, plazeweis knapp iwwer +10°C méiglech

An de leschte Stonne war et bis zu -17°C kal. D’nächst Woch klammen d’Temperaturen awer schonn erëm a Richtung +10°C – Schnéi an Äis verschwannen also geschwënn.

Markanten Ëmschwong vun der Wiederlag kënnt

Haut um Samsde leie mir mol nach ënner Héichdrockafloss. Wéi an de leschten Artikelen schonn betount, hëlt dësen Afloss ëmmer méi wäit of – schonn muer am Laf vum Sonnden gëtt et aus Westen ëmmer méi wollekeg an de Wand gëtt méi spierbar wéi haut.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmassen bis an déi zweet Wochenhallschent eran | Animatioun: wxcharts.com

An der neier Wiederwoch gerode mir ënnert eng variabel Weststréimung, dat duerch déiwe Loftdrock iwwert dem Nordatlantik & Skandinavien esouwéi héije Loftdrock iwwer Südwesteuropa. Kuerzgesot: D’Zoufuer vun de fraschtege Loftmasse vun de Moment gëtt ënnerbrach, däitlech méi waarm Loftmassen aus dem Südwesten fannen hire Wee op Lëtzebuerg.

De Verlaf

Nodeems et de Moie fréi bis zu -17°C kal war, gëtt de Mëtten e Maximum vun tëscht -4 a 0 Grad erreecht. Muer um Sonnden ass mat 3 bis 5 Grad ze rechnen, ier et dann vum Méinden un nach e gréissert Stéck méi mëll gëtt. Fir de Nomëtte sinn d’Modeller mat 6 bis 9 Grad dobäi, en Dënschde mat 5 bis 7 Grad an e Mëttwoch mat 8 bis punktuell esouguer 11 Grad.

An der zweeter Wochenhallschent sollte mir erëm ënner 10 Grad geroden, esou kill wéi elo soll et awer net méi ginn. Dëst schléisst de Frascht an de Nuechten awer weiderhi net aus. Fir d’Nuecht op en Donneschde gi bis knapp ënner 0 Grad berechent, an där op e Freide -1 an an där op e Samsden & Sonnden 0 bis -4 Grad. Natierlech ka sech awer nach e bëssen eppes drun änneren, et ass jo nach eng Woch bis dohin.