Ausbléck: D’Reequantitéite bis de Freiden inclus

Zwar leie mir gréisstendeels ënner Héichdrockafloss, allerdéngs ginn eis awer och eng Partie Wolleken zougespillt. Schold drun ass en Déif iwwert dem Oste vu Polen.

Kill Loftmassen ëmmer nach um laangen Hiewel

De Moment leie mir ënnert dem Afloss vu méi kille Loftmassen. Zesumme mat de vereenzelte Schaueren, déi bis de Freiden inclus optriede wäerten, besteet also och ëmmer nach d’Warscheinlechkeet vun eenzelne Flacken. Vun de Nidderschlagsquantitéiten hier sollt eis awer net all ze vill erwaarden.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass mat Quantitéite vun vun tëscht 2 a 4 l/m² dobäi, den europäeschen ECMWF rechent mat 0,5 bis 1 l/m². Den däitschen ICON ass mat 0,2 bis 0,5 l/m² dobäi, iwwerdeems de franséischen ARPEGE mat 0,2 bis 2 l/m² rechent.

Fazit

Hëlt een den Duerchschnëtt vun den ausgewielte Modeller, da si bis de Freiden inclus tëscht 0,725 an 1,875 l/m² ze erwaarden.

Vun der Verdeelung hier sinn se alleguer méi oder manner queesch duerch de Gaart verdeelt, well et sech beim Nidderschlagsmodus meeschtens ëm lokal Schliet handelt. Wéi gesot kann et dobäi duerch déi niddrëg Temperaturen an der Héicht plazeweis zu Flacke kommen. Egal ob Flacken oder net, duerch Nätzt déi fréiert besteet an de fréie Moiesstonnen an och an de Nuechten de Risk vu glate Stroossen.