Ausbléck: D’Reequantitéite bis de Freiden inclus

Nidderschléi sinn de Moment éischter eng Ausnam… et kënnt awer eng Phas op eis duer an där et erëm méi naass wäert ginn.

Kalfront um Freiden

Duerch eng Kalfront, déi um fréie Freidemoien an eist Land eragezu kënnt, ergëtt sech eng kuerz Phas an där et zu Nidderschléi komme wäert.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat Nidderschlagsquantitéite vun tëscht 2 a 5 l/m², dat meescht dovu soll am Norden an am Osten erofkommen. Den europäeschen ECMWF ass mat 4 bis 10 l/m² dobäi, dësem no soll et och an der Nordhallschent am meeschte reenen.


De Reen bis de Freiden inclus, dem europäeschen ECMWF no | Grafik: wxcharts.com

De franséischen ARPEGE ass mat tëscht 0 a 1,5 l/m² dobäi, rechent also mat däitlech manner Reen wéi déi aner ausgesicht Modeller. D’Nidderschléi solle sech dobäi och net op bestëmmt Géigende konzentréiere, mee méi oder manner zoufälleg verdeelt uechter d’Land optrieden. Den däitschen ICON rechent mat 4 bis 8 l/m² an huet besonnesch d’Mëtt an Deeler vum Süden am Fokus.

Duerchschnëttlech gesi sollen also tëscht 2,5 a 6,13 l/m² bis de Freiden inclus erofkommen.