Ausbléck: Duerch héije Loftdrock bleift et gréisstendeels reenfräi

De Weekend iwwer sti mir gréisstendeels ënnert dem Afloss vun héijem Loftdrock. Dowéinst wäert et et net oft zu Nidderschléi kommen. Den Haaptgrond, duerch deen et mol naass gëtt, ass Niwwel an doraus resultéierende liichte Fisemreen.

Fisemreen jo, richteg Schaueren awer rar

Den amerikanesche GFS rechent vun elo un bis de spéide Sonndenowend mat Quantitéite vun tëscht 0,2 an 1 l/m². Am naasste soll et un der Nordspëtzt ginn. Den europäeschen ECMWF ass mat tëscht 1 an 3 l/m² dobäi, haaptsächlech um Sonndenowend soll och mol normale Reen amplaz just den ugeschwate méigleche Fisemreen an d’Land zréckkommen.


D’Reequantitéite bis de Sonnden inclus dem ECMWF-Modell no | Animatioun: wxcharts.com

De franséischen ARPEGE ass mat 0,2 bis 3 l/m² dobäi a gesäit et fir de Sonndenowend d’selwecht wéi den ECMWF. Dem däitschen ICON no soll sech de Reen dann nach wäitgoend zréckhalen, dat bei enger Akkumulatioun vun tëscht quasi näischt a 0,2 l/m².

Op den éischte Bléck gesi gesäit et och fir d’nächst Woch a Punkto Nidderschlag net wierklech groussaartëg aus. D’Wiederprognose fannt Dir ënnert dësem Link.