Ausbléck: E naasse Weekend steet un

De Weekend iwwer bleift eist Wieder immens variabel. Dobäi ass och mat entspriechende Nidderschlagsquantitéiten ze rechnen.

Ëmmer erëm naass

Duerch déi westlech Stréimung geréit de Weekend iwwer ee Nidderschlagsgebitt nom aneren op Lëtzebuerg. Dëst bréngt am Endeffekt gréisser Nidderschlagsquantitéite mat sech.

Den amerikanesche GFS ass mat tëscht 18 an 30 l/m² dobäi, dat meescht soll laanscht de Weste mee virun allem am Südweste vum Land erofkommen. Den europäeschen ECMWF gesäit dat ganzt nach e bëssen anescht a rechent tëscht 17 an 32 l/m². Den Hotspot soll am Nordweste respektiv och am Westen ze fanne sinn.


D’Reequantitéite bis de Sonnden inclus dem europäeschen ECMWF no | Grafik: wxcharts.com

De franséischen ARPEGE rechent mat tëscht 20 a 40 l/m², am Südwesten an och am Südoste soll et am meeschte naass ginn. E gréisseren Ënnerscheed berechent den däitschen ICON, dee mat 15 bis 26 l/m² dobäi ass.

Duerchschnëttlech gesinn sollen de véier ausgesichte Modeller no dëse Weekend tëscht 17,5 an 32 l/m² Waasser vum Himmel kommen, dat ganz onofhängeg dovun ob dat Reen oder Schnéi ass.